Waat brauch e Kand


Eist Haaptziel ass et d‘Kand ze empfänken an him duerch Aktivitéiten an Verbaliséierung ze hëllefen sech an enger Grupp vun Gleichaltregen ze integréieren.
Roll vun dësem Encadrement besteht dorann dem Kand ze hëllefen fir dass et lues an lues un Selbststännegkeet gewënnt, fir beschtméiglechst an enger Gemeinschaft kënnen ze liewen.

 

 

Waat Kand braucht:

 

·        Secherheet

 

D‘Kand muss sëch wuel fillen an et muss sëch mat den Erwuessenen, déi op d‘Kand op deenen verschiddenen Plaazen an Phasen vum Liewen oppassen (Schlofeck, Aktivitéitssall, Iessberäich, Gaart, Toiletten) sécher fillen, an daat och mat Hëllef vun perséinlechen Géigenstänn (säin Zëmmer, säin Bett, säin „Doudou“, säin Petzi…)

 

 

 

·        Individuell Unerkennung

 

All Kand ass eenzegaarteg an ënnerscheed sech vun den aneren Kanner.
D‘Personal muss d‘Kand an allem waat et auszeechend respektéieren a seng Fähegkeeten esou wéi seng Entwëcklung op individuell Art a Weis valoriséieren.

Zesummenaarbecht mat den Elteren ass an enger gudder „Prise en charge“ wesentlech.

 

·        Sozialisatioun

 

D‘Kand léiert an engem Grupp ze liéwen an déi rituell Momenter vum Daag mat den Kollegen ze deelen (Snacks, Iessen, Mëttegschlof).
Hat hëllt un Spiller an Aktivitéiten deel, duerch déi hat léiert déi aaner ze respektéieren an ze kommunizéieren.

 

·        Selbststännegkeet

 

D‘Kand muss sech fräi fillen selwer ze entscheeden, je no senger Affinitéit an sengem Goût, d‘Kollegen, d‘Spill oder d‘Aktivitéit.

D’Astellung vum Encadrement  ass ganz wichteg, esouwuel fir op d‘Wënsch vun den Kanner anzegoen, ewéi och d‘Kanner zu engem gëeegenten Spill oder Aktivitéit ze leeden.

D‘Kand léiert lues a lues, eppes eleng ze maachen während et sech sengen Méiglechkeeten an sengen Grenzen bewosst gëtt.

 

·        Fräien Ausdrock

 

D‘Kand muss spillen an sech fräi bewegen kënnen.

Zu dësem Zweck, sin d’Raimlechkeeten an verschidden Beräicher agedeelt gin, wéi zum Beispill, den Poppeneck, den Iesseck, den Liesberäich, oder den Park fir déi Jéngsten.

 

Doriwwer eraus, gëtt dem Kand sein Kontakt mat der Natur duerch deeglech Spazéiergäng an Ausflich, och am Wanter, gefördert.